De Paul (Pol) Aschman, gebuer den 8. Februar 1921 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 10. August 1990, war e lëtzebuergesche Fotojournalist a Chronist.
Hien ass virun allem bekannt wéinst senge Fotoe mat deenen hien d'Liewen an der Stad Lëtzebuerg, an och soss am Land, dokumentéiert huet.
No der Primaireschoul an der Aldringerstrooss an der Stad Lëtzebuerg, huet hie Secondairesstudien am Athenäum gemaach, déi duerch den Zweete Weltkrich ënnerbrach goufen.
1940 gouf hie wéinst Resisten...